Festsall

 

Reservatioun w.e.gl.mat dësem Formulaire.

De multifunktionelle Sall ka benotzt gi fir

  •          Konferenzen a gréisser Reuniounen
  •          Generalversammlungen
  •          Seminairen oder Formatiounen
  •          Receptiounen an Eirewäiner
  •          Fest-Iessen an all Zort vu Restauratioun
  •          Firme-Feieren
  •          Ausstellungen
  •          artistesch Presentatiounen

De Sall gëtt net verlount fir Sportsmanifestatiounen, Baler, Disco- oder Danzveranstaltungen.

Präis vun der Locatioun vum Festsall:

250€ (+ 100€ Kautioun) pro Dag matt Dëscher a Still an allen techneschen Installatiounen (Botzen abegraff).

Eng semi-professionell Kichen niewent dem Sall kann zesumme mam Sall gelount gi fir 150€ (+100€ Kautioun)

Equipement:

Kapazitéit fir maximal 100 Persounen am Sëtzen oder am Stoen

Dimensioun vun 13m x 9m x 3m (H) mat Holzpaquet um Buedem

  • 19 Dëscher an 100 Still
  • WLAN mat Internet
  • latten TV-Schierm (180 x 100 cm) mat USB- an HDMI-Uschloss
  • Radio,TV, CD/DVD, Sonorisatioun,  2 Mikroen
  • Fixatiouns-Schinnen ënner dem Plafong fir Affichen oder Deko opzehänken
  • Flipchart mat Pabeier (op Ufro)

Mat der Locatioun vun der Kiche stinn zur Dispositioun:

  • Bar-Comptoir mat Konzessioun fir alkoholesch Gedrénks (Zap-Anlag)
  • Kaffismaschinn
  • Glieser fir Waasser, Wäin, Schampes, Béier

All Gedrénks (ausser dem Wäin), dat bei Manifestatiounen zerwéiert gëtt, muss am Viraus bei der Gérance bestallt ginn. D'Gedrénks gëtt zum Tarif vum Dépositaire verrechent.