Veräinshaus vu Beetebuerg


D'Veräinshaus, am Zentrum vun der Uertschaft, ass en Haus vun der Begéinung.

Et ka gelount ginn:

  • vu Veräiner (Grousse Festsall, equipéiert Kichen,  Reuniounssall)
  • fir Versammlungen, Generalversammlungen, Formatiounscoursen, Feierlechkeeten, ...

D'Haus gehéiert zanter 1938 den "Oeuvres paroissiales de Bettembourg a.s.b.l." a gouf an de Joren 2015/2016 komplett renovéiert.

De Parbüro mat der Verwaltung vun der Par Beetebuerg-Fréiseng Saint-André huet um 1. Stack seng Plaz.

Um 2. an 3. Stack si 7 modern miwléiert Zëmmere fir Studenten, déi vun der asbl LISEL betreit ginn.