Oeuvres paroissiales asbl
D‘“Veräinshaus“, am Zentrum vu Beetebuerg, bitt de Privatleit a Veräiner vu Beetebuerg a vu méi wäit ewech eng Plaz fir sech ze begéinen. Dofir stinn hei e Festsall, eng Kichen an e Versammlungssall zur Verfügung.
Nieft der Kierch ass et de Mëttelpunkt vum Parliewe vum Parverband Beetebuerg-Fréiseng. Dofir fënnt een hei och de Parbüro a Büroe vun der Equipe pastorale vum Parverband a vum Dekanat. Hei treffen sech och d’Veräiner vun der Par.
Et ass en Haus fir Jonk an Al. Dofir ginn et hei och 7 modern Studentewunnengen.
Et ass e modernt Gebai mat enger laanger Geschicht. Et gouf 2015/2016 komplett renovéiert.
Et gehéiert zanter 1938 den „Oeuvres Paroissiales Bettembourg a.s.b.l.“ Dofir gëtt och vun hinne geeréiert.